KAPPKINO - WOU GINN ELTEREN NUETS HIN

Lauschterstéck baséiert op engem Text vum Claudine Muno (LU)
Arts de la scène Littérature / Mise en voix
JEU. 14.12.2017 / 20:00
Prix: Gratuit
Inscription: 00352 55 44 93 -1 // mail@kulturfabrik.lu

Loosst Iech an den Setz falen a lauschtert no.

 "Ech gesi wéi meng Mamm d’viischt Dier opmécht, obwuel kee geschellt huet. Si geet fir d’éischt eraus an da kënnt mäi Papp hir no, éier si d’Dier hannert sech zouzéien. An dann - dat Geräisch ass dat Schlëmmst iwwerhaapt - héieren ech wéi sech de Schlëssel vu baussen am Schlass dréint. "

 

Mir huelen Iech mat op eng KlangRees duerch déi eng Nuecht, jo, genau déi, wou d'Elteren fort ginn.   

 

Sidd ganz Ouer, lauschtert d’Geschicht, verfollëgt di sensibel Audio-Inszenéierung déi Live virun Iech entsteet. Kommt mat op eng skurill fantastesch Rees duerch e gelunge kënnegen  Universum mat frieme Bekannten an onbekannte Frënn. Dëstt insznéierung gëtt gläichzäiteg ab 20h live op de Frequenze vum Radio ARA 102,9 & 105,2 FM iwwerdroen.

  • Fir Nolauschterer ab 13 Joer
  • Production: Openscreen asbl 
  • Coproductioun:  Centre Culturel Régional Dudelange OPDERSCHMELZ / CNA - Centre national de l'audiovisuel Dudelange
  • avec le support de l'Œuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte
  • subsidié par le Ministère de la Culture
  • Avec le support du Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster

Réalisation ©2017