MELCHIOR, DEM CLARA SENG REES

Théâtre
VEN. 27.04.2018 / 19:00
Caisse du soir: 8€ (<12 ans : 5€ )
Réservation: 55 44 93-1 / inscriptions@kulturfabrik.lu

Theaterstéck

D’Clara ass traureg, well hatt muss plënneren. Säi Papp huet eng wichteg Aarbecht an ass schonn erëm an en anert Land versat ginn. Elo muss d’Clara schonn erëm an eng nei Schoul, wou hatt kee kennt. Dës Kéier kënnt hatt an en Internat, wou d’Kanner och nach de Geck mat him maachen. Hatt zitt sech zréck an d’Bibliothéik an ass net ze tréischten, och net vun deene Kanner, déi léif mat him sinn. Eleng an der Bibliothéik fënnt d’Clara e Buch, dat him d’Dier zu enger Zauberwelt opmécht …

Dëst Theaterstéck gouf am Theateratelier vun der Jean Jaurès Schoul vun de Kanner erfonnt, geschriwwen, inszenéiert a gespillt. A Gruppen hu si di verschidden Zeene geschriwwen, ausprobéiert an hir Personnagen entwéckelt. Bei der Realisatioun vun de Kostümer, den Accessoiren, dem Dekor an dem Flyer hate si Ënnerstëtzung vu Kanner aus aneren Atelieren. Dëse Projet fënnt schonn am 4. Joer statt, als eng Zesummenaarbecht vum Pôle Pédagogique vun der Kulturfabrik an dem Theateratelier vun der Jean Jaurès Schoul, begleet vun enger Theaterpädagogin.

 

  • Vun a mat 16 Kanner vum Cycle 1 bis Cycle 4 aus der Jean Jaurès Schoul.
  • Leedung vum Theateratelier: Marianne Damiani, Gwendy Thilgen.
  • Theaterpädagogesch Begleedung: Jill Christophe.
  • Produktioun: Centre culturel Kulturfabrik & Jean Jaurès Schoul vun Esch.

Schauspiller

Charlie, Emily, Roxane, Lara, Laura, Kersten, Anna-Maria, Lilou, Margarida, Joana, Maye, Yara, Inès, Jonas, Sofia, TIffen.