• Gast Groeber
  • Christiane Kremer
  • Jean Back

WORD IN PROGRESS

mam Gast Groeber, Christiane Kremer a Jean Back
MAR. 13.03.2018 / 20:00
Langue: Lëtzebuergesch
Partenaire(s): Work in Progress - Paris
Caisse du soir: fräi

D’Konzept vun de  Word-in-Progress-Owender (kuerz och WIP genannt) kënnt aus Paräis a versprécht frësche Wand an der Zeen vun der lëtzebuergescher Liesebühn: en Auteur, veröffentlecht oder net, liest während 10 Minutten dem Publikum aus engem Wierk vir, wat grad an der Entstéiung ass. Duerno gëtt zesummen Textkritik geübt, an de Schrëftsteller stellt sech de Froen aus dem Publikum. Fir dee Schreiwende stellt dëst e gudden Test duer, eng Kritik «avant la lettre»; fir d’zukünftegt Lieserschaft eng méiglech Bestätegung, datt ee gudden Text net just an engem Elfebeentiermche räift, ma d’Resultat vun enger Konfrontatioun mam sozialen Ëmfeld ass.

 

Ageluede fir den 13 Mäerz sinn de Gast Groeber,  d’Christiane Kremer an de Jean Back.

Gast Groeber

De Gast Groeber gouf 1960 gebuer, ass zu Hollerech grouss ginn. Nom Kolléisch ass hien op Walfer an den Institut Pédagogique gaangen, huet bis 2003 a verschiddene Quartieren vun der Stad Schoul gehalen an ass duerno op de Centre technolink schaffe gaang, wou hien 2007 de Responsabelen gouf.

Obwuel hie schonn ëmmer gäre geschriwwen hat, huet hien eréischt 2010 eng éischte Kéier eppes publizéiert.

 

Veröffentlech Wierker

2017      

  • Eng Stad ënnert dem Himmel – Kuerzgeschichten - Shortlist vum 'Lëtzebuerger Buchpräis 2017', Op der Lay

2015     

  • Weekend mat Bléck op Fräiheet - Roman - Shortlist vum 'Lëtzebuerger Buchpräis 2015', Op der Lay

2013     

  • All Dag verstoppt en aneren – Kuerzgeschichten - 'Lëtzebuerger Buchpräis 2014'  - ‘European Prize for Litterature 2016’, Op der Lay

2012     

  • Manu – Roman - Shortlist vum 'Lëtzebuerger Buchpräis 2013', Op der Lay

2010     

  • De Griss – Jugendroman - Shortlist vum 'Lëtzebuerger Buchpräis 2011', Op der Lay

Christiane Kremer

D'Christiane Kremer ass vu Beruff Journalistin, Moderatorin an zënter 2017 Kulturcheffin bei RTL. Si huet eege Geschichte fir d'Kanneremissioun geschriwwen, ausserdeem Cabaretstexter an Theaterstécker, déi vu verschiddenen Ensembele gespillt goufen. 2013 huet d'CK zesumme mam Luc Marteling an dem Viviane Leytem de Verlag Kremart Edition gegrënnt. An der Editioun si bis elo zwee eege Kannerbicher erauskomm, "Mammendag" (mat Illustratioune vum Anne Mélan) an "De Poli an d'Maisy" (mat Illustratioune vum Aline Forçain), an eng Parti Iwwersetzungen. D'Kuerzgeschicht "De Wierdermoler"war (2013) den éischte Band vun der Serie Smart bei Kremart.

 

Veröffentlech Wierker

2015      

  • De Poli an d’Maisy, Kremart, Luxemburg

2013      

  • De Wierdermoler, Eng Geschicht net nëmme fir sonndes, Smart Kremart, Luxemburg

2013      

  • Mammendag. Dem Sarah seng Sich nom richtege Cadeau, Kremart, Luxemburg

Jean Back

1953 zu Lëtzebuerg gebuer, 1989 Matbegrënner vum CNA, dem Lëtzebuerger Institut fir Film, Fotografie an Toun, dat hien bis Februar 2016 als Direkter geleed huet.

 

Verëffentlechungen zanter 2003 am Verlag ultimomondo: Wollekestol (Roman), Mon amour schwein, Amateur (Europäesche Literaturpräis 2010), Wéi Dag an Nuecht, Karamell (Erzielungen). 2015 verëffentlecht de Jean Back 3 Monologer ënnert dem Titel Zalto Mortale an der Serie Kanephora vun der Kremart Editioun. Zalto Mortale war op der short list vum Lëtzebuerger Buchpräis 2016. Trakl Blues (Kremart, Kanephora) an Iesel (Editions Binsfeld) goufen 2017 publizéiert. 

 

Außerdeem Verëffentlechungen an der Galerie, dem tageblatt souwéi an Anthologien, dorënner »Aufbewahrt Literarisches Leben in Selbstzeugnisses, Dokumenten und Objekten«, CNL, 2017: Schnipsel, Schnitt und Leerspulen, Kommentare zum Luxemburger Amateurfilm Die junge Magd (1978) nach der gleichnamigen Ballade von Georg 

Déi nächste WIP Owender

  • 10. Abrëll 2018 : WIP an Franséisch
  • 8. Mee 2018 : WIP op Englesch