Är Ënnerstëtzung ass grondleeënd fir d’Iwwerliewe vun de kulturellen a pedagogeschen Aktioune vun der Kulturfabrik a fir d’Weiderféiere vu senge solidareschen Engagementer. Fir also weiderhin den Austausch, Entdeckungen, Begéignungen, asw. ze fërderen oder fir eis ganz einfach z’ënnerstëtzen, invitéiere mir Iech, eis Memberskaart z‘abonnéieren an en Don ze maachen. D’Memberskaart kascht 15€ an ass ee Joer laang gëlteg.
Doduerch sidd Dir berechtegt un den Assemblées-généralen deelzehuelen. Ausserdeem kréien d’Memberen all Mount e Prospekt mam Programm, sou wéi Broschüren an Invitatioune fir spezifesch Events geschéckt.
Informationen und Bankdaten: HIER