SERGE TONNAR & LEGOTRIP (LU)

News date 14/02/2017

CD Release - Bommeleeër Buddha - Samstag, 1. April 2017

De Bommeleeër an de Buddha leie wäit auserneen, an dach huet jidderee vun eis e bësse vun deenen zwee a sech. Um Serge Tonnar sengem neie Wierk mat Legotrip, op deem 18 Stécker z'entdecke sinn, geet et ëm d'Roll vum Mënsch a vum Kënschtler, tëscht dem Bommeleeër, also dem aktiv an der Gesellschaft implizéierten an engagéierte Bierger, an dem Buddha, oder dem Philosoph deen, aus enger spiritueller Distanz, e liicht ironesche Bléck op déi selwecht Gesellschaft gehäit.

En collaboration avec MASKéNADA