"WELCOME BACK GIG" FIR D'LISA BERG

News date 06/06/2016

Viru genau engem Joer huet an der Kulturfabrik e Benefizconcert fir de Schrëftsteller Lambert Schlechter stattfonnt. Den Erléis vun deem erfollegräichen Owend koum der Restauratioun vun onsëllegen duerch e Groussbrand beschiedegte Manuskripter zergutt. VerLoscht, sou den Titel vun dësem Owend, koum zoustanen op Initiativ vum Lisa Berg.

Leider konnt d’Lisa wéinst enger schwéierer akuter Leukämie-Erkrankung deen Owend selwer net matspillen. Spontan ass dunn d’Iddi entstanen, an engem Joer dee Concert mam Lisa nozehuelen – an därselwechter Form, d.h. ongezwongen, wou befrënnte Museker, Sproochkënschtler a Videasten sech op der Bühn ofwiesselen a mam Publikum kommunizéieren...