• Michel Clees. Photo : Editions Guy Binsfeld
  • Tullio Forgiarini. Photo : Hydre
  • Georges Kieffer
  • Niels Engel & Georges Goerens

CNL LIESREES

Eng Liesung an 3 Sprooche mam Michel Clees, Tullio Forgiarini a Georges Kieffer
Literatur
DO 03.06.2021 / 20:00 / DOORS 19:30
Org.: CNL, Kulturfabrik & Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren
Preis: Eintritt frei
Réservations obligatoires: inscriptions@kulturfabrik.lu

Den CNL a Kooperatioun mat der KUFA an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren lued an op Le trésor ambulant, eng Literaturliesung mam Michel Clees, Tullio Forgiarini a Georges Kieffer.

D’Liesjoer 2020/21 ass e besonnesch spannend. Et ass opfälleg, wéi villfälteg d’literaresch Welte sinn, déi d’Auteuren eis am Moment presentéieren.
Hannert de kuerzen an zum Deel krypteschen Ee-Wuert-Titelen Parterre, Captcha, Céruse an Iwwerliewen verstoppe sech komplex Welten, déi vu Syrien bis op d’Musel, vun enger Berliner Wunngemeinschaft bis an d’opulent Villa vun engem megalomane Millionär, an dann och bis an d’Fiktioun selwer reechen.

En Owend voller Entdeckungen!

Musikalesch Begleedung: Georges Goerens, aka Bartleby Delicate, an Niels Engel, artistes en résidence an der Kulturfabrik.

Am Grousse Sall vun der Kulturfabrik

Den Entrée ass gratis.
D’Sëtzplaze si begrenzt, eng Reservatioun dowéinst erfuerderlech op: inscriptions[at]kulturfabrik.lu.