EXPOSITION DE SCULPTURES

LTJB Mamer
Ausstellung
FR 02.03.2018 > SO 18.03.2018
Preis: Eintritt frei

Horaires

  • Dënschdes-Donneschdes: 15:00-18:00
  • Freides: 15:00 – 20:00
  • Weekends: 14:00 – 18:00

Skulpteuren aus dem LTJB Mamer stellen aus

« Les Sculpteurs du LTJB Mamer » ass e Cours fir Leit, déi Interessi hunn, sech an hirer Fräizäit der Konscht vun der Bildhauerei ze widmen an och selwer Skulpturen op héijem Niveau ze realiséieren.

 

Dëse Cours besteet zanter 1975 a gouf ufanks am Lyçée Technique zu Esch ofgehalen. Zanter e puer Joer fënnt de Cours zu Mamer am Lyçée Josy Barthel  (LTJB) statt, ënnert der fachmännesch-kënschtlerëscher Uleedung a Berodung vum Professor a Galerist Alex Reding.  Entstane sinn eng Rei Skulpturen aus Steen (Specksteen, Gilsdrefer oder Udelfanger Sandsteen asw.), Marber an Alabaster. Et gëtt mat Hummer a Meessel, awer och mat Loftdrock-Apparate geschafft.

 

Vernissage ass de Freideg, 2. Mäerz um 18 Auer an der Galerie Terres Rouges vun der Kulturfabrik. D’Ausstellung ass op all Dag bis den 18. Mäerz vun 15 bis 18 Auer. Ausnahmen: de Weekend ass vun 14 bis 18 Auer op, freides vun 15 bis 20 Auer. Méindes ass d’Galerie zou.