EXPOSITION "SEA DREAM AVENUE"

Vum Melanie Planchard an Martine Pinnel
Ausstellung
DO 18.10.2018 > SA 03.11.2018
Abendkasse: Entrée gratuite

Salton Sea

Dee surreale Salton Sea,deen eng Fläch vun ongeféier 1000 qkm huet, läit op der St Andreas Spléck, an enger vun deene wäermsten an dréchenste Géigenden a Süd-Kalifornien. Ugaangs vum 20. Joerhonnert ass dës Plaz landwirtschaftlech erschloss ginn. De Séi, wéi mir en haut gesinn, ass eigentlech iertëmlécherweis entstanen, nodeems e Bewässerungskanal, dee vum Colorado River eriwwer geluecht gouf, duerch excessive Reen an Iwwerschwemmunge gebrach ass. Dëst Waasser ass dunn 2 Joer laang an den ausgedréchente Salton Bassin gelaf, ier den Zoufloss gestoppt ginn ass. Wei d‘Agrarindustrie expandéiert huet, ass vun do un haaptsächlech kontaminéiert Waasser vun de Felder an de Séi gefloss. 

Ëm 1920 gouf dunn de Séi als Ofwaasserbaseng fir d’Landwirtschaft deklaréiert. Obschonn d’Waasser ganz salzhalteg war an et ëmmer méi salzeg ginn ass, ass de Séi e Liewensraum gi fir vill Fësch- a Vullenaarten. Ëm 1960 ass aus dem Salton Sea eng Vakanzendestinatioun ginn, déi och vill bekannte Staren ugezunn huet. Nodeems awer Millioune vu Fësch un den Uwänner vum Séi agaange sinn, an nodeems d’Haiser op der Plage durch Iwwerschwemmungen zerstéiert goufen, hunn d’Leit ugefaang fortzeplënneren, an den Dall ass an de Vergiess geroden. Duerch déi permanent Dréchent a Kalifornien, a well ëmmer manner Waasser an de Séi fléisst, geréit toxesche Stëps a Sand an d’Loft, wouduerch d’Awunner beim Séi an a villen Deeler vu Süd-Kalifornien krank ginn. 

INFOS

D’Première vun  der Expo “Sea Dream Avenue” ass den 18. Oktober 2018 an der Kulturfabrik zu Esch, duerno kann een se nach eng Kéier am Mäerz 2019 op der 4. “Bombay Beach Biennale” zu Salton Sea an am Juni 2019 am Kulturhaus zu Niederanven gesinn.