KABARÖ - TOTAL AM BËSCH @BRASSERIE K116

Musik Theater
DO 25.04.2019 / 20:00

De klenge Lëtzebuerger Mikrokosmos, “déi do uewen déi decidéieren” - “déi do ënnen déi knadderen”, d’Loscht op Konsum - de Verdross virun der Verännerung vun der Landschaft, Engagement, Atomkraaft, Wirtschaftswuesstem, Politikverdrossenheet: Themen, déi haut ganz aktuell sinn.

Ma wéi war dat virun 10, 20, 30 Joren a méi? Ass haut alles besser? Wat ass muer?

Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees, mat sprëtzegen, interessanten “ale“ Nummere vu bekannten oder manner bekannte Kabarettiste bis hin zu e puer neien aktuellen Nummeren. A wie weess, vläicht ass villes wat mer haut soen, guer net esou nei. Oder éieren dach?

All eis nohalteg Texter sinn op recycléiertem Pabeier geschriwwen a sämtlech Pointe biologesch ofbaubar.

Oppassen: Dësen Owend ass mat Iessen:
Infoen derzou bei der Umeldung oder op www.meco.lu
Reservéierung: reservation[at]meco.lu

Präiss pro Ticket an Iessen:
52 € (vegetaresch) / 55 € (mat Fleesch)
42 € / 45 € fir Studenten an Aarbechtsloser