GAYMAT 2018: POLITICAL PANEL DISCUSSION

Konferenz
MI 11.07.2018 / 19:00-22:00

No fënnef Joer gesellschaftsliberaler Koalitioun mat homosexuelle Spëtzepolitiker kéint een*t jo eigentlech mengen, d'Situatioun vun LGBTIQA-Persounen zu Lëtzebuerg wier elo quasi ouni Problemer. An dach ginn et och an dësem Beräich eng ganz Rëtsch  Fuederungen. Mat Vertrieder*innen vun CSV, DP, LSAP, Déi Gréng, Déi Lénk an der Piratepartei diskutéieren mir iwwert déi oppen Baustellen, déi sech an ville Politikberäicher wéi Medizin, Asyl-, an Familljepolitik opdoen. De Public ass natierlech häerzlech invitéiert, matzeschwätzen a Froen ze stellen!

 

Et diskutéieren: 

  • LSAP: Marc Angel
  • Déi Gréng: Mandy Ragni
  • DP: Corinne Cahen
  • CSV: Marc Spautz
  • déi Lénk: Line Wies
  • Piraten: Sven Clement

Moderatioun: Joël Adami, Journalist bei der Wochenzeitung woxx.