VIDE-COMMODE & APEROBE

Sonstiges
FR 01.09.2017 / 17:30
Preis: Eintritt frei

1er vide comMODE & apeROBE

D’Rentrée steet un an dir hutt all är Suen op der Braderie verpolvert? Kee Stress, kommt iech e „Schmockstéck“ op eisen 1ten vide comMODE fänken!

D’Konzept : fir den Apero installéieren sech puer Frëndinnen am Ratelach, d‘ Bar vun der Kulturfabrik, an proposéieren iech Kleeder, Schong an Accessoiren zu klengen Präisser
Kleng Kreatiounen stinn och um RDV…

Mei verroden mir iech net, me mir hoffen mir kréien är Aen un d’Blénken.

Mir hoffen iech do ze gesinn, Frënn vu Vintage Kleeder an Apero à gogo !

NB: Happy-Hour vun 17.30 Auer bis 19.00 Auer & kleng Restauratioun disponibel !