• Gast Groeber
  • Mandy Thiery
  • Roland Meyer

WORD IN PROGRESS

mam Mandy Thiery, Gast Groeber & Roland Meyer
Literature
TUE 17.01.2017 / 20:00
Partner(s): Work In Progress - Paris
Entrée : libre

D’Konzept vun de Word in Progress Owender (kuerz och WIP genannt) kënnt aus Paräis a versprécht frësche Wand an der Zeen vun der lëtzebuergescher Liese bühn : Een Auteur, verëffentlecht oder net, liest während 10 Minutten dem Publikum aus engem Wierk fir, wat grad an der Entstehung ass. Duerno gëtt zesummen Textkritik geüübt, de Schrëftsteller stellt sech de Froe vum Publikum. Fir de Schreiwende stellt dëst ee gudden Test duer, eng Kritik « avant la lettre » ; fir d’zukünftegt Lieserschaft eng méiglech Bestätegung, dass ee gudden Text net just an enger Tour d’ivoire räift, mä d’Resultat vun enger Konfrontatioun mam sozialen Ëmfeld.
Ageluede fir de 17. Januar sinn : de Gast Groeber, de Roland Meyer an d’Mandy Thiery. 

Mandy Thiery

Mandy Thiery ass eng jonk, letzebuergesch Schreftstellerin vun 25 Joer, dat probéiert sech an d’Kulturszeen vun Letzebuerg anzeschleusen. Nodeems et aus enger Konschtsektioun am Lycee op Universitéit Letzebuerg komm ass fier ganz innovativ Germanistik ze studéieren, entdeckt et seng Léift fier den Theater an domadder och eng nei Welt, di et sou nach net an deem langweilegen Letzebuerg entdeckt hat.  Motivéiert an emmer rem prett fier nei Herausfuerderungen schreiwt et elo Texter op Letzebuergesch, Däitsch an Englesch aus enger sozial- an och selbst-kritescher Perspektiv woubäi ganz vill Influencen aus der Pulpliteratur kommen, wat dozou féiert, dass verschidden Texter „trashy“ riwerkommen. Allerdengs probéiert et gäeren och mol nei Stiler aus, vue, dass et Literatur nei entdeckt.

Roland Meyer

Roland Meyer ass de 9.2.1963 zu Lëtzebuerg gebuer. Hien ass vu Beruff Schoulmeeschter, hien ass bestued an huet zwee Jongen.
Hie schreiwt Bicher, Hörspiller, Zeitungsartikelen, Theater- a Kabaretstexter fir Kanner a fir erwuesse Leit.
Hie leet d’„Theaterschoul” vum Educatiounsministère.
Donieft ass hien aktiv als Musiker, bei der Bluesband „The Winklepickers”, als Kabarettist beim „Kabaret Sténkdéier”, bei der „Lëtzebuerger Revue” an a Soloprogrammer wéi "Zikelalarm I an II" an als Regisseur bei Kabarets- a (Kanner-)Theaterproduktiounen.
2012 kruet säi Roman "Muedebëtzeg" de Lëtzebuerger Buchpräis an 2015 gouf säi Roman „Roughmix” mam Servais-Präis ausgezeechent.

Gast Groeber

De Gast Groeber gouf 1960 gebuer. Hien ass zu Hollerech grouss ginn, goung do an d’Primärschoul an huet och do Foussball gespillt. Nom Kolléisch ass hien op Walfer an den Institut Pédagogique gaangen an huet bis 2003 a verschiddene Quartieren vun der Stad Schoul gehalen. Dat Joer krut hien eng Decharge fir um Centre technolink ze schaffen, wou hien zanter 2007 de Responsabelen ass.
Obwuel hie schonn ëmmer gäre geschriwwen hat, huet hien eréischt 2010 eng éischte Kéier probéiert fir publizéiert ze ginn.

Bis elo verëffentlecht :
-    De Griss – Jugendroman, 2010, Shortlist vum 'Lëtzebuerger Buchpräis 2011'.
-    Manu – Roman, 2012, Shortlist vum 'Lëtzebuerger Buchpräis 2013'.
-    All Dag verstoppt en aneren – Kuerzgeschichten, 2013, 'Lëtzebuerger Buchpräis 2014', ‘European Prize for Litterature 2016’.
-    Weekend mat Bléck op Fräiheet - Roman, 2015, Shortlist vum 'Lëtzebuerger Buchpräis 2015'.
-    Eng Stad ënnert dem Himmel – Kuerzgeschichten, 2016.