D’Sproocheronne ginn de Bierger d’Méiglechkeet, fir aktiv un der Entwécklung an eiser Gesellschaft deelzehuelen. Grad da wéi beim Lëtzebuergeschen, wa vill verschidde Meenungen existéieren an openeentreffen. Diskutéiert iwwert d’Rollen, d’Chancen an d’Perspektive vum Lëtzebuergeschen.
Op 4 Sproocheronnen (eng dovunn an der Kulturfabrik) hunn d’Bierger d’Wuert a kënnen hiren Uleies matdeelen. Zu bestëmmten Theme ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch ‒ sief et Educatioun, Kommunikatioun am Alldag, oder de Rôle an der Kultur ‒ gëtt zesummen a Gruppen diskutéiert. Hei hoffe mir op e flotten Échange fir zesumme konkret Proposen a méiglech Léisungsvirschléi auszeschaffen fir eng besser Integratioun an och deeglech Kommunikatioun am Land. Dës ginn ofschléissend mam Educatiounsminister beschwat.
Während der gesamter Zäit vun der Campagne kann een awer och an eisem Online-Forum aktiv ginn a sech mat anere Matbierger austauschen. Dofir muss ee sech op sproocheronn.lu registréieren.
Mir freeën eis op flott a konstruktiv Diskussiounen!