Et gëtt « genuch ze dinn » - an dësem Monolog genee sou wéi an der Welt, déi sech Lëtzebuerg nennt : Eng jonk Fra geréit op engem Festival an e Schluet. Op eemol ass si op sech zeréckgeworf, op hire Versuch, sech als Independante eng Zukunft mat engem Foodtruck opzebauen. Am Damp vum Kniddelswaasser stelle sech hir d’Froe vun engem souveräne Liewen : Wéi eng Ligen hunn hir d’Elteren als falsch Wäisheete mat op de Wee ginn? A wéi war namol d’Zesummeliewe mat hirem Ex, engem Auteur, dee sech just fir zwou Saachen interesséiert, fir sech selwer a fir d’Literatur?
An der Mise en scène vun der Liss Scholtes gëtt d’Bün zu engem Fräiraum, deen d’Protagonistin fir sech reklaméiert. D’Anne Klein als Entrepreneuse flucht a beschwéiert sech, klot un a rëselt un engem Glécksverspriechen, dat fir ëmmer manner Leit zu Lëtzebuerg gëllt. Am Samuel Hamen sengem Monolog geet et séier ëm alles: ëm d’Iessen an ëm d’Léift, ëm falsch interkulturell Echangen an ëm d’Fräiheet, d’Wuert ze ergräifen, grad dann, wa kee bereet ass, engem nozelauschteren.
Texte: Samuel Hamen
Mise en scène : Liss Scholtes
Avec : Anne Klein
Avec la contribution de Konstantin Rommelfangen
Scénographie et costumes : Loriana Casagrande
Vidéo : Gilles Seyler
Régie technique : Gilles Heinisch
Création lumières : Steve Demuth